#equality matters

Gläichstellung ass wichteg:

Well Meedercher a Jonge fräi vu Viruerteeler sollen opwuessen an sech ausliewen.

Well 100 Joer no der Aféierung vum Fraewahlrecht nach laang net all Hürd geholl ass.

Well eng Gesellschaft just demokratesch ass, wa jiddereen déi selwecht Chancen huet, senger Stëmm Gehéier ze verschafen.

Rock de Rack, dat sinn:

  • Workshops fir Schoulklassen zum Thema Demokratie a Chancegläichheet
  • Interaktiv Débaten
  • Musék mam Gewënner vum Screaming Fields Song Contest
  • De ganzen Dag iwwer: Expo an Aktivitéiten