Viraschreiwung fir de Rock de Rack 2024

All Klass dierf 3 verschidden Atelieren erliewen. Dës gi vun Experten an hirem Beräich gehalen a sinn all interaktiv.

De genauen Detail vun den Atelieren ginn op dësem Site iwwert de Summer 2024 affichéiert. Wann dir iech vir-aschreift kritt dir een Update per Email soubal de Programm steet.

De Rock de Krees gëtt net ënnert der Form vun Table-Ronde gehale gëtt, mee informell an an enger grousser Grupp um Schluss vum Dag. Hei froe mir datt all Grupp am viraus eng Persoun designéiert déi “an e puer Wierder” soll probéieren ze beschreiwen (oder resuméieren) wat hier Grupp gesinn huet oder zréckbehale wäert.

Är Informatiounen

Gréisst vu Klass an all eventuell aner wichteg Informatioune fir d’Organisatioun
De Rock de Rack ass gratis fir all Participant. Iessen a Gedrénks gëtt den Dag iwwer gestallt.

 


Bei Froen kënnt der iech weiderhi gären un d’Organisatiounsekipp wenden um 247-85826 oder 247-85819.