#equalitymatters

De MEGA lancéiert eng ganz Serie u Projete speziell fir Jonker ab dem 17. Juni.

Ënnert dem Hashtag #equalitymatters gëtt op den Dialog an d'Sensibiliséierung gesat mam Fokus op d'Gläichstellung tëscht Fra a Mann.

Mini-Expo 100 Joer Frawahlrecht

D'Wanderausstellung "100 Joer Fraewahlrecht" weist d'Evolutioun vum Wahlrecht an och generelle Rechter vu Fraen zu Lëtzebuerg iwwert déi läscht Joerzéngten.

Se besteet aus 4 Panneauen an 3 Totem a ka vu Schoulen, Gemengen an aneren Organisatioune bestallt ginn.

#MEGAjumper

D'Ziel vum MEGA-Jumper ass et sech direkt mat Jonken z'ënnerhalen an hire Feedback ze sammelen. Di geplangten Aktivitéiten, spilleresch an ofwiesslungsräich, erméiglechen de Jonken ze verstoe wéi Stereotyppen an Diskriminatiounen hiert Liewen awer och dat vun anere beaflossen. Jonker kréien och gewise wéi een sou Situatioune besser erkennt, a wéi ee besser drop reagéiere kann.

Plan d'action national (PAN)

D'Gläichstellung tëscht Fra a Mann betrëfft eis alleguerten! Am Kader vu sengen Aktivitéiten organiséiert de MEGA eng breet ëffentlech Befroung duerch een online Froebou. Dir braucht ongeféiert 7 Minutte fir en auszefëllen, a kënnt konkret d'Gläichstellungspolitik vun der Zukunft beaflossen!